An 18 Deeg ass et nees esou wäit. De Weltwaasserdag 2014 steet vrun der Dir. D’Waasserkris beschäftegt mech jo schonns zënter e puer Joer & gouf och scho mol eng Kéier hei um Blog erwähnt. Zuelen sinn haut awer nach ëmmer genee esou schlecht wéi vrun 3 Joer wéi ech fir d’éischte Kéier heiriwwer geschriwwen hat. Bal 800 Millioune Leit hu keen Accès zu propperem Waasser. Dat ass 2,5 Mol d’Populatioun vun den USA… oder 1.600 Mol déi vu Lëtzebuerg! Keen Accès zu propperem Waasser ass weiderhin d’Doudesursaach Nr 1 vu Kanner. Et wier wéi More…
↧